PUBLISHED: Sep 23, 2014
DESCRIPTION:
Lidd aus „Kosmockel", dem Buch mat Soundtrack fir Kanner an déi, déi et wëlle ginn - www.kosmockel.lu
Gesank:
Cathy Kurowski (Anaïs Blondetti)
Susan Kurowski (Lilli Blondetti)
Kannerchouer Consdorf (backing vox)
Darek Kurowski (backing vox)
Instrumenter
Michel Abreu Lopes (Piano)
Steve Boehm (Cor)
Daniel Chavet (Gittar)
Marc Demuth (Kontrabass)
Päivi Kauffmann (Flütt)
Pierre Kremer (Trompett)
Judith Lecuit (Cello)
Marc Meyers (Trombone)
Paul Wiltgen (Batterie)
Opnahm, Mixage a Mastering
Mike Butcher am Roll-Studio, Cents
Biller
Mirco Brüchler
Text, Kompositioun an Arrangement
Darek Kurowski
℗ & © 2012 Darek Kurowski
Lyrics:
D’Schoul ass blöd
Liese léieren, woufir ass dat gutt?
Mir hunn dach d’Televisioun.
Schreiwe léieren, dat ass iwwerlieft.
Eis Handye gi mat Bild an Toun.
D’Mier ass déif
a seng Fësch sinn all stomm.
D’Schoul ass blöd,
a mir Schüler sinn domm.
Rechne léieren, dat ass nach dat schlëmmst.
Dofir ass de Computer dach do.
Liewe léieren, brauche mer och net méi.
De Bildschierm lieft, a mir kucken no.
D’Mier ass déif
a seng Fësch sinn all stomm.
D’Schoul ass blöd,
a mir Schüler sinn domm.
Meng Mamm huet mech schonn dacks schockéiert,
mam Saz, datt ee fir d’Liewe léiert.
D’Mier ass déif
a seng Fësch sinn all stomm.
D’Schoul ass blöd,
a mir Schüler sinn domm.