PUBLISHED: Jun 01, 2013
DESCRIPTION:
I do not own the content of this video!
05 Blummen
Album: Noctambul
Lyrics:
Aus dengem Kapp do wuesse Blummen
Laang si mir net méi hei zesummen
Geschwënn läis du ënnert dem Buedem
An nëmmen d'Blumme kucken uewen eraus
Gesäis du moies een neit Hoer
Hues du héchstens nach fir e Joer
Do hëlleft keen Zéien, hëlleft kee Rappen
Geschwënn kanns du un d'Liedche klappe vun ënnen
Refrain:
Éiweg hätt ech wëlle bleiwen
Éiweg hätt ech wëlle bleiwe bei dir
Wann ech dierft, wann ech dierft, wann ech dierft
Meng Mamm déi läit als Orchidee
Do hannen ënnert dem Summerwee
Mäi Kand wat ech verluer hu, leider
Lieft als Maargréitche weider hei
Wann ech enges Daags och muss goen
Als Pissblumm well ech um Feld do stoen
Ech kucke giel, riicht an d'Sonn
An dono verbléien ech an der Ronn ronderëm
Refrain
Aus mengem Kapp do wuesse Blummen eraus